Actioun Lëtzebuergesch - Eis Sprooch a.s.b.l.

Politesch, reliéis, a philosophesch neutral - Gegrënnt 1971

Eng Vereenegung fir eiser Sprooch op all verstänneg Fassong ze hëllefen, an hir iwwerall do déi Rechter ze verschafen, déi si zegutt huet

Member ginn

Ënnerstëtzt eis Sprooch a gitt Member vun der Actioun Lëtzebuergesch!

- Iwwerweist 15€ op de Kont: CCPLLULL IBAN LU75 1111 0066 4448 0000
- Schéckt äis Är Postadress mat enger E-Mail: actioun@letzebuergesch.lu


Kontakt

Schreift äis eng E-mail un actioun@letzebuergesch.lu
oder besicht äis op Facebook: https://www.facebook.com/actioun.letzebuergesch

D'Gebai mat eisem Büro läit net direkt un der Strooss an ass nëmmen iwwer privaten Terrain ze erreechen.


En halleft Jorhonnert Asaz fir eis Sprooch

1971 gegrënnt mat dem Zweck fir alles anzetrieden, wat lëtzebuergesch ass, apaart fir d'Sprooch, geschwat a geschriwwen.

Zënter méi wéi 45 Joer setzt si sech konsequent duerfir an, datt d'lëtzebuerger Sprooch déi Plaz an eiser Gesellschaft kritt, déi hir zousteet. Zënterhier ass immens villes a punkto geschriwwent Lëtzebuergesch geschitt.

Deemools gouf et nach praktesch keng Sproochecoursën, wou eis auslännesch Matbierger eis Sprooch léiere konnten, an eisen Zeitunge stoung knapps ee Wuert op Lëtzebuergesch, an der Kierch gouf nëmmen op Däitsch gebiet. D'Annoncë fir frou an traureg Evenementer waren op Franséisch, heinansdo op Däitsch ma praktesch ni op Lëtzebuergesch. D'Stroosseschëlter hate just déi offiziell Bezeechnung op Franséisch an am Kadaster war alles verdäitscht.

Déi Responsabel vun der AL hunn op all deene Gebitter den Ustouss ginn, datt eis Sprooch hei am Land déi Plaz soll kréien, déi hir zousteet. Sou ass et ë.a. där konsequenter Aarbecht vun de Membere vun der AL ze verdanken, datt 1984 d'Sproochegesetz an der Chamber gestëmmt gouf, dat dem Lëtzebuergeschen en offizielle Statut ginn huet. Mir kënne mat Recht houfreg dodrop sinn!


Grad haut muss d'Saach vum „Lëtzebuergesche“ viru goen!

Ee Punkt läit äis dobäi ganz besonnesch um Häerz. Haut liewen a schaffen zu Lëtzebuerg vill Leit, déi eis Sprooch net schwätzen. Deenen, déi eis Sprooch wëlle léieren, musse mir duerch méi a besser Coursën hëllefen, mä och mat méi Präsenz vum Lëtzebuergeschen am Alldagsliewen. D'Sprooch ass e wichtege Facteur fir d'Integratioun.

En anert Uleies brennt äis op der Zong: d’Verfassung! D'AL fuerdert zënter Joeren, datt d'Lëtzebuergescht als Sprooch - nieft dem Fändel, dem Staatswopen an der Nationalhymn - an d'Constitutioun stoe komme muss. Esou wéi et den Ament am Artikel 4 (1) virgesinn ass, kënne mir absolutt dermat d'accord sinn: „La langue du Luxembourg est le luxembourgeois. La loi règle l'emploi des langues luxembourgeoise, française et allemande.“

Déi Formuléierung gëtt eiser Sprooch dee Stellewäert, deen hir zousteet: Si gëtt déi offiziell Sprooch vum Land a vun alle Leit, déi hei wunnen, Lëtzebuerger an Net-Lëtzebuerger. Datt nieft dem Lëtzebuergeschen och d'Däitscht an d'Franséischt vrun allem am administrative Beräich gebraucht ginn, ass absolutt an der Rei. Natierlech spillt och Englesch eng ëmmer méi grouss Roll als Weltsprooch an als déi éischt Friemsprooch vu villen Auslänner, déi heihinner wunne kommen.


Comité 2018

President:

Claude BACHE

Vize-President:

Lex ROTH

Sekretär:

Patrick KAELL

Caissier:

Alexis KLEIN

Memberen:

Mariette ATTEN-HAAG

Fred KEUP

Romain WACHTER

Vic WEBER

Tom WEIDIG


Statuten

Kapitel I – Numm, Sëtz, Dauer an Zweck

Art. 1: Den Numm vun der Vereenegung ass: Actioun Lëtzebuergesch.

Art. 2: De Sëtz ass zu L5955 Izeg, op der Nummer 20, Conter Strooss. D’Dauer ass net begrenzt.

Art. 3: Den Zweck vun der Vereenegung ass, fir alles anzetrieden, wat lëtzebuergesch ass, apaart fir eis Sprooch.

Art. 4: D’Vereenegung ass politesch a reliéis neutral.

Kapitel II – Memberen

Art. 5: Jidderee ka Member ginn, wann hien den Zweck vun der Vereenegung respektéiert a seng Cotisatioun bezilt. – De Comité kann der Generalversammlung Leit, déi Verdéngschter un der Actioun Lëtzebuergesch hunn, als Éieremember virschloen.

Art. 6: D’Zuel vun de Memberen däerf net manner ewéi dräi sinn, no uewe besteet keng Grenz.

Art. 7: Et ass een net méi Member, wann ee seng Demissioun gëtt oder d’Cotisatioun net méi bezilt. D‘Generalversammlung kann e Member ausschléissen, wann hien der Vereenegung schuet oder géint hiren Zweck schafft.

Kapitel III – Verwaltung

Art. 8: D’Vereenegung gëtt vun der Generalversammlung a vum Comité geleet.

Art. 9: D’Generalversammlung huet all Rechter, déi hir duerch d’Gesetz zoustinn. Si ass all Joer virum 1. Mee. All Member gëtt dofir op d'mannst 14 Deeg virdru schrëftlech geruff.

Art. 10: D’Membere vum Comité gi vun der Generalversammlung gewielt. Et kënnen dräi bis zwielef Leit am Comité sinn. All Member vum Comité gëtt fir dräi Joer gewielt. D’Comitésmemberen, déi austrieden, kënnen ouni nei Kandidatur erëm gewielt ginn. D’Kandidature fir de Comité mussen op d'mannst 8 Deeg virun der Generalversammlung schrëftlech ageschéckt sinn. De Comité verdeelt déi eenzel Funktiounen ënnert sech.

Art. 11: De Comité huet all Rechter, déi net vum Gesetz extra fir d’Generalversammlung virgesi sinn. De Comité kënnt op d'mannst 4 mol am Joer zesummen.

Art. 12: All Joer leet de Comité der Generalversammlung e Rapport iwwer d’Aktivitéit, d’Konte vum leschte Joer an de Budget fir d’Joer drop vir. D’Konte gi vu wéinstens 2 Leit kontrolléiert, déi vun der Generalversammlung fir ee Joer gewielt ginn.

Art. 13: De Comité kann eenzel Mataarbechter erunzéien a Kommissiounen nennen, fir bestëmmt Aarbechten ze maachen. Dës Leit oder Kommissioune schaffen ënnert der Responsabilitéit vum Comité an no engem Reglement. De Comité nennt an entléisst si.

Kapitel IV – Aner Bestëmmungen

Art. 14: D’Cotisatioun vum Joer ass héchstens 100,00 €. Si gëtt vu Joer zu Joer vun der Generalversammlung festgesat.

Art. 15: Wann d’Vereenegung opgeléist gëtt, bestëmmt d’Generalversammlung, wat mat de Fonge geschitt, déi awer fir d’éischt fir eng gläich gesënnt Vereenegung reservéiert ginn.

Art. 16: Fir alles, wat net an dëse Statute virgesinn ass, gëllt dat modifizéiert Gesetz iwwer d’Vereenegungen ouni Gewënnzweck vum 21.4.1928.