13.04.2024 - Generalversammlung 2024
Den 13. Abrëll ass um 15:00 Auer d'Generalversammlung vun der „Actioun Lëtzebuergesch“ mat Patt am Festsall vum Jugendhaus zu Mutfert, 1, rue de Medingen.
20.02.2024 - Entrevue mam Kulturminister
Eng Première: De Comité vun der Actioun Lëtzebuergesch gouf vum neie Kulturminster Eric Thill am Kulturministère empfaangen. Mir haten e flotten a konstruktiven Austausch iwwer eis Aarbecht an eisen Asaz fir d'Lëtzebuerger Sprooch.
13.01.2024 - Neijooschpatt 2024
Op eisem Neijooschpatt zu Éiter ass d'Sëlwer Plackette "Dicks-Rodange-Lentz" un de fréiere Sproochecommissaire Marc Barthelemy iwwerreecht ginn. RTL war fir e Reportage op der Plaz.
- RTL Reportage vum 13. Januar 2024
01.12.2023 - Edmond de la Fontaine 1823-2023
De Rotary Club Esch-Uelzecht huet bei Geleeënheet vum 200. Gebuertsjoer vun eisem Nationaldichter Edmond de la Fontaine e ganz schéine Konschtset mam Numm "DICKS-200, den Hexemeeschter" eraus ginn, dat an Zesummenaarbecht mat hirem Member a Karikaturist Carlo Schmitz.
Aus där Iddi ass desweideren e Lëtzebuerger Konschtkalenner fir d'Joer 2024 entstane mat villen neien Zeechnunge vum Carlo Schmitz an interessanten Texter vum Professer Frank Wilhelm zum Liewe vun eisem onvergiessleche Poet an Operetteschreiwer Edmond de la Fontaine, genannt DICKS.
De Benefice vun dësen Actioune geet integral un d'Associatiounen "D'Stëmm vun der Strooss", "Doktere vun der Welt Lëtzebuerg", "Trisomie 21-Lëtzebuerg – Restaurant Madame Witzeg", souwéi un aner humanitär Projete vum Escher Rotary.
Weider Informatioune fannt Dir an dëser Broschür:
14.09.2023 - Chamberwalen 2023 - D'Äntwerten op eis 6 Froen
Mir hunn un 12 Parteien a Wal-Lëschte 6 Froe geschéckt:
- Lëtzebuergesch als EU Sprooch
- Formatioun fir Journalisten
- Méi Lëtzebuergesch am ëffentleche Raum
- Sproochen an de Crèchen
- Umellen op der Gemeng
- Exame fir Staatsbeamten
10 Parteien hu geäntwert. Klickt op dëse Link fir all d'Äntwerten ze liesen:
01.07.2023 - Lëtzebuergesch an der Constitutioun
Haut, den 1. Juli 2023 trëtt eng nei Revisioun vun eiser Constitutioun mam neien Artikel 4 a Kraaft, deen am Paragraph (1) eis Sprooch (Lëtzebuergesch) als Sprooch vun eisem Land (Lëtzebuerg) definéiert:
Art. 4.
(1) La langue du Grand-Duché de Luxembourg est le luxembourgeois. La loi règle l'emploi des langues luxembourgeoise, française et allemande.
D'Sprooch vum Grand-Duché vu Lëtzebuerg ass Lëtzebuergesch. D'Gesetz reegelt d‘Benotzung vun der lëtzebuergescher, der franséischer an der däitscher Sprooch.
Domat gëtt eng Joerzéngten al Fuerderung vun der "Actioun Lëtzebuergesch a.s.b.l" haut Realitéit. Dëst hu mir virun allem dem onermiddlechen Asaz vun eisem Vize-President Lex ROTH ze verdanken.
An der neier "eng Klack fir eis Sprooch" (Nummer 293), erkläert eise Vize-President Lex ROTH wéi et zu deem neie Verfassungsartikel komm ass:
Eise Pressecommuniqué:
25.03.2023 - Generalversammlung 2023
De 25. Mäerz ass um 15:00 Auer d'Generalversammlung vun der «Actioun Lëtzebuergesch» mat Patt zu Izeg, 20, Conter Strooss (am ale Klouschter) am grousse Sall um 2. Stack, Gebai A.
22.02.2023 - Nationale Präis fir Verdéngschter ëm d'Lëtzebuerger Sprooch
Den Alain ATTEN an eise Vize-President, de Lex ROTH, krute fir d'Joer 2022 am Festsall vum Jongelycée den Nationale Präis fir Verdéngschter ëm d'Lëtzebuerger Sprooch, d‘„Kaweechelchen“ iwwerreecht, dee vum Educatiounsministère fir déi éischte Kéier iwwerreecht gouf.
- RTL Artikel vum 22. Februar 2023
07.01.2023 - Neijooschpatt 2023
Neijooschpatt: Iwwerreeche vun eiser Bronze Plackett „Dicks-Rodange-Lentz“ un d'Clara MORARU a vun eiser Sëlwer Plackett „Dicks-Rodange-Lentz“ un de Jean KANDEL fir aussergewéinlech Verdéngschter am Kader vun der Lëtzebuerger Sprooch.
- RTL Reportage vum 10. Januar 2023
19.12.2022 - Lycée Michel Rodange: Iwwerreechung vun der grousser Plack vum Dichter Michel Rodange
D'AL an d'CGFP hunn dem Direkter vum Lycée Michel Rodange, dem Jean-Claude HEMMER am grousse Festsall vum Lycée eng grouss Plack vum Dichter Michel Rodange iwwerreecht, déi vum Julien LEFÈVRE entworf gouf: déi Plack soll am Gebai vum Lycée Michel Rodange op enger Éiereplaz opgehaange ginn. Et goufen och Presentatioune vum Catherine MILLIM, Jean-Luc SCHLEICH, Alain ATTEN a vum Sproochecommissaire Marc BARTHELEMY gehalen.
- Artikel an der CGFP Zeitung „fonction publique“ vum Januar 2023 (Nummer 276)
08.11.2022 - ‚Eise’ REENERT... 150 Joer!
1872 huet de Michel Rodange déi 1. Oplo vum "Reenert" eraus bruecht. Hei fannt Dir déi original Oplo (gescannt vu Google) an d'Oplo vum Romain Hilgert (Lëtzebuerger Land).
Am Kader vum 150. Gebuertsdag vun der éischter Oplo vum Michel Rodange sengem Meeschterwierk 'Reenert', hunn de SCRIPT an den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) zesummen eng nei Schouleditioun opgeluecht. Si baséiert op dem Originaltext vun 1872, deen an déi haiteg Orthografie gesat gouf.
De 'Reenert' steet och am Mëttelpunkt vun engem Colloque, deen de SCRIPT an den ZLS, an Zesummenaarbecht mam Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch, den 18. November 2022 vu 14:00 bis 18:00 Auer am Kader vun de Walfer Bicherdeeg um eduPôle zu Walfer (28, Route de Diekirch, Gebai VIII) organiséieren (mellt Iech hei un). Weider Informatiounen op gouvernement.lu.
Op de Walfer Bicherdeeg liesen de Jeff Thill an de Marc Limpach verschidde Passagen aus dem Reenert – allkéiers dee selwechten Extrait eemol op Lëtzebuergesch an eemol op Englesch. Déi Liesung ass Sonndes, den 20. November 2022 ëm 11:45 Auer. De Reenert gouf nämlech och op Englesch iwwersat, a ka gratis online erofgeluede ginn.
Interessant ass och den Artikel iwwer de Reenert op der Lëtzebuerger Wikipedia.
De Lex Roth huet an der aktueller Klack 285 e puer Wierder zu dem "Klassiker" vum Michel Rodange geschriwwen: ‚Eise’ REENERT... 150 Joer!
30.04.2022 - AL Grondsazprogramm
Wéi op eiser 50 Joer Feier op der M.S. Princesse Marie-Astrid ugekënnegt, huet de Comité e Grondsazprogramm ausgeschafft, an op der Generalversammlung vum 30. Abrëll 2022 virgestallt. Op der Generalversammlung gouf de proposéierten Text vun de Memberen ugeholl:
- AL Grondsazprogramm (PDF}
Déi 5 Ziler vum Grondsazprogramm sinn:
- Den Zoustand vum Lëtzebuergeschen am A halen
- Eis Sprooch a Kultur an hire Status stäerken
- Hëllefen datt d'Sprooch geléiert a korrekt benotzt gëtt
- D'Siichtbarkeet an de Gebrauch vun der Sprooch stäerken
- En Affekot an eng Stäip fir d'Sprooch sinn