06.03.2018 - Pressecommuniqué
Pressecommuniqué iwwer eis Roll an de Chamberwalen 2018
14.01.2018 - Interview um 100,7
"Pabeier ass gedëlleg": https://www.100komma7.lu/article/aktualiteit/pabeier-ass-gedelleg
13.01.2018 - RTL Reportage
RTL Reportage iwwert eisen Neijoerspatt zu Izeg: http://www.rtl.lu/kultur/1119321.html
13.01.2018 - Neijoerspatt 2018
De Comité vun der AL wënscht Iech fir d'Joer 2018 alles Guddes!
Am Joer 2017 si mir an eisen neie Büro op Izeg geplënnert a duerfir géife mir Iech gäre fir den 13. Januar 2018 um 15:00 Auer op eise Neijoerspatt zu Izeg invitéieren!
Op eiser Websäit fannt dir de Plang: http://www.actioun-letzebuergesch.lu/contact.html
W.e.g. mellt Iech mat enger E-Mail un!
18.11.2017 - Iwwereechung vun der Sëlwer Plaquette «Dicks-Rodange-Lentz»
Eise President Claude Bache bei der Iwwerreechung vun der Sëlwer Plaque «Dicks-Rodange-Lentz» un déi Responsabel vun de Walfer Bicherdeeg. (Photo RTL)
Eise Stand op de Walfer Bicherdeeg ass elo offiziell op.
18.11.2017 - Walfer Bicherdeeg

Den nächste Samschden a Sonnden (18. & 19. November 2017) sinn d'Walfer Bicherdeeg. D'Actioun Lëtzebuergesch ass, wéi d'lescht Joer och, nees mat engem eegene Stand vertrueden a mir géifen äis freeë wann dir géift laanscht kommen.
Dëst Joer iwwerreeche mir der Gemeng Walfer eis Sëlwer Plaquette «Dicks, Rodange, Lentz» fir déi besonnesch Verdéngschter fir eis Sprooch am Kader vun de «Walfer Bicherdeeg». Mat de «Walfer Bicherdeeg» hunn d'lëtzebuerger Auteuren a Kënschtler an de leschten zwee Joerzéngten eng flott Plattform krut, fir hir Wierker enger breeder Ëffentlechkeet virzestellen. Och eis Associatioun gouf op de «Walfer Bicherdeeg» ëmmer gutt emfaangen.
D'Iwwerreechung ass den 18. November um 10:00 Auer.
24.08.2017 - Pressecommuniqué
Eise Pressecommuniqué op d'Äntwert vum Gesondheetsministère un d'Chamber vum 19. Juni 2017 (Ref.: Bldxdbb46)
13.07.2017 - Diplomiwwereechung zu Schëtter

40 Leit kruten zu Schëtter en Diplom iwwerreecht, well si beim Sonja Bley Lëtzebuergesch Course besicht an ofgeschloss hunn. D'Gemeng Schëtter huet all Diploméierten en Exemplaire vum Buch «Eiser Lidder» geschenkt. Mir als AL hunn den Diploméierten d'Buch «Mosaiksteng» mat 6000 Wierder Lëtzebuergesch-Franséisch iwwerreecht.
Photo Galerie:
https://schuttrange.smugmug.com/Diplomiwwerreechung-L%C3%ABtzebuergesch-Coursen-2016-2017
21.05.2017 - Eise Stand op der Lidderfouer

Villmools Merci un déi Leit déi laanscht komm sinn
11.05.2017 - 150 Joer Londoner Vertrag

Haut virun 150 Joer (11. Mee 1867) gouf de Londoner Vertrag ënnerschriwwen. Lëtzebuerg gouf definitiv onofhängeg an ass als «éiweg neutrale» Staat deklaréiert ginn. Et ass decidéiert ginn d'preisesch Garnisoun ze evacuéieren an d'Festung ofzerappen. D'Ofrappe vun der Festung huet 16 Joer gedauert.
Et ass déi éischte Kéier datt en internationale Vertrag och vu lëtzebuerger Vertrieder ënnerschriwwe gouf an zwar vum Victor de Tornaco (deemolege Staatsminister) a vum Emmanuel Servais. Frankräich, Preisen, Éisterräich, England a Russland hunn och ënnerschriwwen an hunn eis Neutralitéit garantéiert. Déi Neutralitéit gouf 1914 vun Däitschland net respektéiert.
29.04.2017 - Generalversammlung 2017
Léif Membren a Frënn, notéiert iech de Samschdeg, 29. Abrëll, mëttes um 3 Auer – Brasserie „Um Dierfchen“ – 6, côte d’Eich (Kasinosgaass) an der Stad.
De Comité vun der Actioun-Lëtzebuergesch freet sech op iech.
19.10.2016 - Artikel am Wort
Mir hunn och „eppes opweises“ E puer Gedanken iwwer den „Nation Branding“
23.09.2016 - Chamberspetitioun 698
Liest den Text vun der Petitioun
Liest d'Meenung vun eisem Comité
12.09.2016 - Artikel am Journal
De Lex Roth iwwer seng nei lëtzebuergesch Versioun vum "Petit Prince"
27.08.2016 - Nei Iwwersetzung vum Buch «De Klenge Prënz»
Déi nei Iwwersetzung vum Buch «De Klenge Prënz» gëtt et vun elo un an den Librairien LIBO, ERNSTER an ALINEA fir 29,00 € ze kafen.
Weider Informatiounen iwwert d'Buch fannt Dir op der Säit vum Verlag:
21.07.2016 - Artikel am Journal
08.07.2016 - Nei Verfassung
Op www.referendum.lu konnten normal Bierger hir Proposen zu der neier Verfassung erareechen. Den 8. Juli gouf et eng ëffentlech Sitzung an de Chamber. Fir d'Thema Sprooch goufe Serge TONNAR, Fernand FEHLEN, Jean-Claude KAELL, Jean-Louis KIEFFER invitéiert.
Kuckt Iech de Video un (vun der 18. Minutt u geet et ëm d'Sprooch)
05.07.2016 - National Schülerkonferenz (CNEL)
De CNEL fuerdert eng Opwäertung vun der lëtzebuerger Sprooch am Lycée:
La langue luxembourgeoise devrait être davantage valorisée au lycée. Aujourd’hui, la langue luxembourgeoise est uniquement apprise en classe de 7ième. La CNEL encourage le ministère à revaloriser la langue luxembourgeoise en introduisant un cours de luxembourgeois jusqu’à la classe 5ième/9ième.











