Actioun Lëtzebuergesch - Eis Sprooch a.s.b.l.

Politesch, reliéis, a philosophesch neutral - Gegrënnt 1971

Eng Vereenegung fir eiser Sprooch op all verstänneg Fassong ze hëllefen, an hir iwwerall do déi Rechter ze verschafen, déi si zegutt huet

Member ginn

Ënnerstëtzt eis Sprooch a gitt Member vun der Actioun Lëtzebuergesch!

- Iwwerweist 15€ a setzt Är Adress an d'Kommunikatioun:
     BCEELULL IBAN LU52 0019 1000 7250 4000
     CCPLLULL IBAN LU75 1111 0066 4448 0000

- Confirméirt Är Umellung mat enger E-Mail: actioun@letzebuergesch.lu


14.09.2023 - Chamberwalen 2023 - D'Äntwerten op eis 6 Froen

D'Äntwerten op eis 6 Froen

Mir hunn un 12 Parteien a Wal-Lëschte 6 Froe geschéckt:

  1. Lëtzebuergesch als EU Sprooch
  2. Formatioun fir Journalisten
  3. Méi Lëtzebuergesch am ëffentleche Raum
  4. Sproochen an de Crèchen
  5. Umellen op der Gemeng
  6. Exame fir Staatsbeamten

10 Parteien hu geäntwert. Klickt op dëse Link fir all d'Äntwerten ze liesen:


01.07.2023 - Lëtzebuergesch an der Constitutioun

Lëtzebuergesch an der Constitutioun

Haut, den 1. Juli 2023 trëtt eng nei Revisioun vun eiser Constitutioun mam neien Artikel 4 a Kraaft, deen am Paragraph (1) eis Sprooch (Lëtzebuergesch) als Sprooch vun eisem Land (Lëtzebuerg) definéiert:

Art. 4.
(1) La langue du Grand-Duché de Luxembourg est le luxembourgeois. La loi règle l'emploi des langues luxembourgeoise, française et allemande.

D'Sprooch vum Grand-Duché vu Lëtzebuerg ass Lëtzebuergesch. D'Gesetz reegelt d‘Benotzung vun der lëtzebuergescher, der franséischer an der däitscher Sprooch.

Domat gëtt eng Joerzéngten al Fuerderung vun der "Actioun Lëtzebuergesch a.s.b.l" haut Realitéit. Dëst hu mir virun allem dem onermiddlechen Asaz vun eisem Vize-President Lex ROTH ze verdanken.

An der neier "eng Klack fir eis Sprooch" (Nummer 293), erkläert eise Vize-President Lex ROTH wéi et zu deem neie Verfassungsartikel komm ass:

Eise Pressecommuniqué:


25.03.2023 - Generalversammlung 2023

Glas

De 25. Mäerz ass um 15:00 Auer d'Generalversammlung vun der «Actioun Lëtzebuergesch» mat Patt zu Izeg, 20, Conter Strooss (am ale Klouschter) am grousse Sall um 2. Stack, Gebai A.


22.02.2023 - Nationale Präis fir Verdéngschter ëm d'Lëtzebuerger Sprooch

Nationale Präis fir Verdéngschter ëm d'Lëtzebuerger Sprooch

Den Alain ATTEN an eise Vize-President, de Lex ROTH, krute fir d'Joer 2022 am Festsall vum Jongelycée den Nationale Präis fir Verdéngschter ëm d'Lëtzebuerger Sprooch, d‘„Kaweechelchen“ iwwerreecht, dee vum Educatiounsministère fir déi éischte Kéier iwwerreecht gouf.


07.01.2023 - Neijooschpatt 2023

Neijooschpatt 2023

Neijooschpatt: Iwwerreeche vun eiser Bronze Plackett „Dicks-Rodange-Lentz“ un d'Clara MORARU a vun eiser Sëlwer Plackett „Dicks-Rodange-Lentz“ un de Jean KANDEL fir aussergewéinlech Verdéngschter am Kader vun der Lëtzebuerger Sprooch.


19.12.2022 - Lycée Michel Rodange: Iwwerreechung vun der grousser Plack vum Dichter Michel Rodange

Lycée Michel Rodange: Iwwerreechung vun der grousser Plack vum Dichter Michel Rodange

D'AL an d'CGFP hunn dem Direkter vum Lycée Michel Rodange, dem Jean-Claude HEMMER am grousse Festsall vum Lycée eng grouss Plack vum Dichter Michel Rodange iwwerreecht, déi vum Julien LEFÈVRE entworf gouf: déi Plack soll am Gebai vum Lycée Michel Rodange op enger Éiereplaz opgehaange ginn. Et goufen och Presentatioune vum Catherine MILLIM, Jean-Luc SCHLEICH, Alain ATTEN a vum Sproochecommissaire Marc BARTHELEMY gehalen.


08.11.2022 - ‚Eise’ REENERT... 150 Joer!

Reenert 1872

1872 huet de Michel Rodange déi 1. Oplo vum "Reenert" eraus bruecht. Hei fannt Dir déi original Oplo (gescannt vu Google) an d'Oplo vum Romain Hilgert (Lëtzebuerger Land).

Am Kader vum 150. Gebuertsdag vun der éischter Oplo vum Michel Rodange sengem Meeschterwierk 'Reenert', hunn de SCRIPT an den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) zesummen eng nei Schouleditioun opgeluecht. Si baséiert op dem Originaltext vun 1872, deen an déi haiteg Orthografie gesat gouf.

De 'Reenert' steet och am Mëttelpunkt vun engem Colloque, deen de SCRIPT an den ZLS, an Zesummenaarbecht mam Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch, den 18. November 2022 vu 14:00 bis 18:00 Auer am Kader vun de Walfer Bicherdeeg um eduPôle zu Walfer (28, Route de Diekirch, Gebai VIII) organiséieren (mellt Iech hei un). Weider Informatiounen op gouvernement.lu.

Op de Walfer Bicherdeeg liesen de Jeff Thill an de Marc Limpach verschidde Passagen aus dem Reenert – allkéiers dee selwechten Extrait eemol op Lëtzebuergesch an eemol op Englesch. Déi Liesung ass Sonndes, den 20. November 2022 ëm 11:45 Auer. De Reenert gouf nämlech och op Englesch iwwersat, a ka gratis online erofgeluede ginn.

Interessant ass och den Artikel iwwer de Reenert op der Lëtzebuerger Wikipedia.

De Lex Roth huet an der aktueller Klack 285 e puer Wierder zu dem "Klassiker" vum Michel Rodange geschriwwen: ‚Eise’ REENERT... 150 Joer!


30.04.2022 - AL Grondsazprogramm

Grondsazprogramm

Wéi op eiser 50 Joer Feier op der M.S. Princesse Marie-Astrid ugekënnegt, huet de Comité e Grondsazprogramm ausgeschafft, an op der Generalversammlung vum 30. Abrëll 2022 virgestallt. Op der Generalversammlung gouf de proposéierten Text vun de Memberen ugeholl:

Déi 5 Ziler vum Grondsazprogramm sinn:

  1. Den Zoustand vum Lëtzebuergeschen am A halen
  2. Eis Sprooch a Kultur an hire Status stäerken
  3. Hëllefen datt d'Sprooch geléiert a korrekt benotzt gëtt
  4. D'Siichtbarkeet an de Gebrauch vun der Sprooch stäerken
  5. En Affekot an eng Stäip fir d'Sprooch sinn


30.04.2022 - Generalversammlung

No 2 Jore mat Generalversammlungen "op Distanz" konnte mir endlech nees eng Generalversammlung "op der Plaz" ofhalen, dës Kéier zu Éiter am Centre Culturel.


27.11.2021 - 50 Joer fir eis Sprooch!

50 Joer fir eis Sprooch!

D'AL feiert hir 50 Joer! Jiddereen, deen eis Jubiläumsbroschür (62 Säiten) nach net huet, ka se elo gratis als E-Buch erof lueden: PDF.


25.11.2021 & 27.11.2021 - 50 Joer AL - Invitatioun

25. November 2021 um 19.00 Auer:
Akademesch Sëtzung « 50 Joer fir eis Sprooch »
an der Nationalbibliothéik
Umellung: www.reservation.bnl.lu

27. November 2021 um 11.00 bis 16.00 Auer:
Lëtzebuerger Dag
op dem Schëff M.S. Princesse Marie-Astrid
Umellung duerch d'Iwwerweise vu 50€ op:
IBAN LU52 0019 1000 7250 4000


09.09.2021 - Interview um Radio 100,7

Eise President Claude BACHE war haut de Moien um Radio 100,7 a schwätzt iwwer Lëtzebuergesch um Flughafen, 50 Joer Actioun Lëtzebuergesch a.s.b.l. an eisen Asaz fir d'Lëtzebuerger Sprooch am Allgemengen.


07.09.2021 - Pressecommuniqué: D'Sprooche vun den automateschen Ukënnegungen um Flughafe Findel

De Comité vun der AL ass enttäuscht, datt mat der joerzéngten aler Traditioun gebrach gëtt, d'Ukënnegungen um Fluchhafe Findel och op Lëtzebuergesch ze maachen.


20.06.2021 - Aussergewéinlech Generalversammlung op "Distanz"

Bedéngt duerch d’Corona-Pandemie, déi eng physesch Präsenz vun de Memberen net erlaabt, gouf dëst Joer eng 2. aussergewéinlech Generalversammlung op Distanz ofgehalen, well de Quorum vun 2/3, déi fir eng Ännerung vun de Statuten néideg ass, bei der 1. aussergewéinlecher Generalversammlung vum 15. Juni 2021 net erreecht gouf. D‘Membere konnte per Bréif oder E-Mail ofstëmmen.

averstanennet averstanenech enthale mech
Ech si mat de proposéierten Ännerunge vun de Statute vun der Actioun Lëtzebuergesch24220


15.06.2021 - Generalversammlung op "Distanz"

Bedéngt duerch d'Corona-Pandemie, déi eng physesch Präsenz vun de Memberen net erlaabt, gouf dëst Joer, genee esou wéi dat lescht Joer, eng Generalversammlung op Distanz ofgehalen. D'Membere konnte per Bréif oder E-Mail ofstëmmen.

Als Comité si mir ganz houfreg drop, datt net manner wéi 245 Membere bis de 15. Juni hire Stëmmziedel entweeder per Mail oder mat der Post erageschéckt hunn. Hei fannt Dir d'Resultat vun der Ofstëmmung am Detail:

derfirdogéintEnthalung
1Activitéits-Rapport 2020 vum Sekretär24032
2Keesse-Rapport 2020 vum Tresorier23932
3Rapport vun de Keessereviseuren23932
4Entlaaschtung vum Comité23742
5Deelneiwiel vum Comité (d'Comitésmembere Mariette Atten-Haag, Romain Wachter an Vic Weber trieden aus a kënnen ouni nei Kandidatur erëmgewielt ginn. De Romain Wachter verzicht op eng nei Bedeelegung am Comité. D'Clara Moraru, d’Suzette Schmit-Lehnertz, de Jean-André Stammet an de François Zeien hunn hir Kandidatur gestallt a kënnen all zesummen an de Comité gewielt ginn)23462
6Neiwiel vun de Keessreviseuren (d'Keessreviseure Jean-Claude Kaell a Jos Wampach si bereet, nach e weidert Joer an hirer Funktioun ze bleiwen)23852
7Festleeë vun der Cotisatioun fir 2022: 15€24122
8Budget fir d'Joer 202123643


23.04.2021 - Video am Kader vu "50 Joer Actioun Lëtzebuergesch"

Am November 2021 feiert d'AL hir 50 Joer. Am deem Kader hu mir e kuerze Video iwwer d'AL produzéiert:


03.02.2021 - Nimm vun neien Tramstatiounen

Mir hunn e Bréif un d'Gemeng Lëtzebuerg, Luxtram S.A. an un den Transportministère geschéckt, fir datt d'Nimm vun deenen neien Tramstatiounen tëscht der Gare an dem Gaasperecher Bann e lëtzebuergeschen Numm kréien. Mir hunn déi heiten Nimm proposéiert: 1. Rennbunn / Hippodrome , 2. Lycée Bouneweg, 3. Minesbësch oder Rangwee / Scillas, 4. Houwald, 5. Lycée Vauban, 6. Gaasperecher Bann, 7. Stadion

Duerch eng Äntwert vun der Stater Buergermeeschtesch krute mir zum groussen Deel Satisfactioun.


21.12.2020 - Ënnerstëtzung fir 2 Muséeën an der Corona Pandemie

D‘Actioun Lëtzebuergesch huet 2 Muséeën, déi duerch d‘Corona Pandemie gelidden hunn, a sech fir d’Lëtzebuerger Geschicht an hire Brauchtum asetzen, mat engem Don vun 2×500€ ënnerstëtzt: de Musée «Thillenvogtei» vu Ranschelt an de Musée rural «A Schiewesch» vu Bënzelt.


20.09.2020 - Generalversammlung op "Distanz"

Wéinst der Corona-Pandemie konnt eis Generalversammlung, déi fir den 28. Mäerz dëst Joer geplangt war, net an eisem Siège zu Izeg ofgehal ginn. Eise Comité huet dofir decidéiert, dës Generalversammlung, déi vun eise Statute virgeschriwwen ass, den 20. September 2020 "op Distanz" ze halen, an dat am Aklang mat de Bestëmmungen, déi d’Regierung fir dës Pandemie festgesat hat.

Als Comité si mir ganz houfreg drop, datt net manner wéi 130 Membere bis den 20. September hire Stëmmziedel entweeder per Mail oder mat der Post erageschéckt hunn. Hei fannt Dir d'Resultat vun der Ofstëmmung am Detail:

derfirdogéintEnthalung
1Activitéits-Rapport 2019 vum Sekretär13000
2Keesse-Rapport 201913000
3Rapport vun de Keessereviseuren12802
4Entlaaschtung vum Comité12901
5Deelneiwiel vum Comité (d'Comitésmembere Claude Bache a Lex Roth trieden aus a kënnen ouni nei Kandidatur erëmgewielt ginn)12901
6Neiwiel vun de Keessreviseuren (d'Keessreviseure Jean-Claude Kaell a Jos Wampach si bereet, nach e weidert Joer an hirer Funktioun ze bleiwen)12901
7Festleeë vun der Cotisatioun fir 2021: 15€119011
8Budget fir d'Joer 202012604


01.05.2020 - Limitéiert Editioun: Sammelwierk 250 Klacken

250 Klacken

Fir d'Publikatioun vun der 250. «Eng Klack fir eis Sprooch» am Abrëll 2019 ze feieren, huet d'AL decidéiert, all 250 «Klacken» (Juni 1993 bis Abrëll 2019) als eegestännegt Buch eraus ze bréngen (limitéiert Editioun vu 50 Exemplaren). Mir offréieren Iech awer och eng gratis Versioun als E-Buch.


18.03.2020 - AL Generalversammlung ass ofgesot ginn

Wéinst der aktueller Corona Pandemie, ass eis Generalversammlung vum 28. Mäerz 2020 ofgesot ginn. En neien Datum gëtt de Membere schrëftlech matgedeelt.


24.11.2019 - Sëlwerplack «Dicks-Rodange-Lentz» un den Här Lulling iwwereecht

Venedeg-Kommissioun (Europarot)

Den 9. November 2019 gouf um AL Hierschtpatt d'Sëlwerplack «Dicks-Rodange-Lentz» un den Här Jérôme LULLING iwwerreecht, fir hie fir seng Verdéngschter am Kader vun der Lëtzebuerger Sprooch ze éieren.

Hei d'Interviewen an der Press:


09.11.2019 - AL Hierschtpatt 2019 & Buchpresentatioun

Glas

Den 9. November 2019 ass um 15:00 Auer an eise Raimlechkeeten zu Izeg, 20, Conter Strooss (am ale Klouschter) den AL Hierschtpatt an d'Buchpresentatioun vum Buch «Verbentabellen op Lëtzebuergesch». Jiddereen ass häerzlech invitéiert, och als Net-Member. Bei där Geleeënheet gëtt d'Sëlwerplack «Dicks-Rodange-Lentz» un den Här Jérôme LULLING iwwerreecht, fir hie fir seng Verdéngschter am Kader vun der Lëtzebuerger Sprooch ze éieren.

D'Gebai läit net direkt un der Strooss an ass nëmmen iwwer privaten Terrain ze erreechen, wou dir och Parkplaze fannt.


09.10.2019 - Verbentabellen op Lëtzebuergesch (Englesch)

Verbentabellen op Lëtzebuergesch

D'Buch «Verbentabellen op Lëtzebuergesch» vum Auteur Dr. Jérôme Lulling, gouf vum Dr. Tom Weidig a vum Chistine Dury vum Franséischen op Englesch iwwersat, a vun der «Actioun Lëtzebuergesch» mat der finanzieller Ënnerstëtzung vun der Fondation Publique publizéiert. D'Buch ass op Basis vum Här Lulling sengen Erfarungen als Enseignant entstanen. Ëmmer méi Leit, déi Lëtzebuergesch léieren, hunn Englesch als Mammesprooch oder als éischt Friemsprooch, a mir hoffen domat e Lach fëllen ze kënnen.

  • 100 Säiten, DIN A4, mëll Deckelen
  • Dictionnaire mat 650 Verben, Iwwersetzung an 2 Richtungen
  • 650 conjugéiert Verben: Present a Vergaangenheet
  • 1300 Beispillsätz op Lëtzebuergesch mat Iwwersetzung op Englesch
  • Eng präzis Aféierung an déi wichtegst grammatesch Reegelen


05.06.2019 - Pressecommuniqué: Avis vun der Venedeg-Kommissioun (Europarot)

Venedeg-Kommissioun (Europarot)

No dem Avis vun der Venedeg-Kommissioun (Europarot) vum 18. Mäerz 2019, an no de rezente Stëmmen an der Lëtzebuerger Press iwwer déi nei geplangte Constitutioun, profitéiert d'AL, fir hir Positioun zu dem Artikel 4(1) nach eng Kéier an engem Pressecommuniqué z'ënnersträichen:


03.05.2019 - René Faber

Doudesannonce René Faber

D'Gedenkmëss ass zu Märel an der Kierch e Méindeg, de 6. Mee um 16.30 Auer.


06.04.2019 - Generalversammlung 2019

Glas

Mir invitéieren Iech fir de Samschdeg, de 6. Abrëll, um 15:00 Auer op eise Sëtz zu Izeg, 20, Conter Strooss (am ale Klouschter) op en Exposé mam Jérôme LULLING (Dokter an der Linguistik, Lëtzebuergesch Enseignant, Auteur vu Bicher an online Projete fir Lëtzebuergesch ze léieren) an op eis Generalversammlung 2019 mat Patt dono.

De 6. Abrëll gëtt och déi 250. "Eng Klack fir eis Sprooch" publizéiert, a mir setze fir déi Geleeënheet och déi 92 "Klacken", déi bis elo nach gefeelt hunn, online op eis Websäit.


18.02.2019 - Pressecommuniqué: 35 Joer Sproochegesetz

Sproochegesetz

35 Joer Sproochegesetz: D'Sproochegesetz war e Succès, mee kéint un déi aktuell Situatioun ugepasst ginn!